Skip to main content

WAT MIR MAACHEN

Mir sinn eng Agence Immobilière, déi op ganz perséinlech Servicer setzt. De Verkaf an d'Locatioun vun Immobilien zu Lëtzebuerg, dat ass eise Metier. Fir eis gëlt eng Prioritéit: Iech nolauschteren an op Är Besoinen agoen. Eng realistesch Estimatioun iwwert d'Valeur vun der Immobilie ass an dësem Service mat abegraff.

Zu dem Verkaf an der Locatioun kënnt och nach d‘Gestion locative dobäi. – Wann e Proprietär seng Wunneng oder säin Haus verloune well, ginn et zwou Méiglechkeeten. Entweder hie këmmert sech selwer em alles oder hin iwwerdréit engem Expert des Aufgaben. Déi sougenannten Gestion locative ëmfaasst d’Sich vun engem bezuelungskräftege Locataire, d’Opstelle vum Mietvertrag esou wéi all aner Aufgaben an  Demarche, déi ufalen. Dat ass eng grouss Erausfuerderung fir eis, well mir setze konsequent op d’Proximitéit mat eise Clienten.

Eis professionell a kompetent Mataarbechter an alle Beräicher vum Immobilier fanne fir all Är Ufroen eng individuell Léisung. Et ass déi perséinlech Betreiung déi d’Differenz mécht. Bei Froe sti mir Iech jidderzäit zur Verfügung. Zéckt net, eis ze kontaktéieren.

Aussokräfteg Beschreiwungen a  professionelle Fotoe – mir  präsentéieren Är Immobilie am beschte Liicht, sief et  fir de Verkaf oder eng Locatioun. D'Annonce ginn op de féierenden Immobilienportaler vum Grand-Duché publizéiert. Eist Zil ass eng séier an  effikass Vermaartung.

Mir verfügen iwwer all noutwenneg Outilen a Knowhow. Des setze mir zesummen mat Iech an.

Eva Paquet

EVA PAQUET

Immobilien si meng Passioun. Dowéinst hunn ech doraus mäi Beruff gemaach. No mengen Studien, déi ech mat engem Bachelor am Immobiliëberäich (B.A. Real Estate) an engem Master als Promoteur (M. Sc. Projektentwicklung) op der EBZ Business School zu Bochum (Däitschland) ofgeschloss hunn, sinn ech an d’Beruffsliewen erageklommen. Zanter 2018 sinn ech als Agent Immobilier zu Lëtzebuerg täteg, eng Aktivitéit, déi mir immens Spaass mécht. Dobäi si mir Professionalitéit a Perséinlechkeet besonnesch wichteg. Ech freeë mech, Iech bei Ärem Immobiliëprojet ze begleeden.

Dany Unger

DANY UNGER

Nodeems si vill Jore wichteg Erfarungen am den Immobilië sammele konnt,  huet d’Dany Unger 2013 seng eegen Agence gegrënnt. „Dëse Business entsprécht menge Wäerter a Visiounen“, esou d’Dany. Et geet em eng responsabel an human Approche. An em d’Nolauschteren. No 24 Joer Aktivitéit am Beruff huet d’Dany 2022 als Chef d’Entreprise un d’Eva Paquet iwwerginn. En Zeeche vu Vertrauen …

Carole Masset

CAROLE MASSET

D’Carole begleed d’Clienten mat vill Engagement duerch de ganze Prozess – vum éischte Gespréich bis zur finaler Ënnerschrëft. Ganz egal ob et ëm Verkaf oder Locatioun geet: Hat hëlt sech Zäit, lauschtert no a geet individuell op d’Froen an d’Wënsch vun de Leit an. Wat dem Carole besonnesch gefällt, ass de perséinleche Kontakt mat Clienten an d’Méiglechkeet, all Dag nei Erausfuerderungen unzegoen. Vertrauen, Éierlechkeet an en oppent Ouer stinn bei senger Aarbecht ëmmer am Mëttelpunkt – an dat schätzen d’Clienten och an der Zesummenaarbecht mat him.

Angélique Langlais

ANGÉLIQUE LANGLAIS

D’Angélique bréngt méi wéi 15 Joer Erfarung a vill Passioun am Immobiliesecteur mat. Fir hat ass dëse Beruff vill méi wéi just Aarbecht – D'Angélique schätzt besonnesch de perséinleche Kontakt an d’Méiglechkeet, de Leit mat Berodung an Ënnerstëtzung zur Säit ze stoen. Am Beräich Locatioun a Vente begleet hat d’Clienten duerch de ganze Prozess – mat vill Asaz, Engagement an engem oppene Ouer fir all Situatioun. Eng vun sengen grousse Stäerkten ass et, souwuel d’Proprietären wéi och d’Locatairen dobäi z’ënnerstëtzen, d’Wunnengen beim Locatairewiessel an Stand ze setzen an an engem optimalen Zoustand ze iwwerreechen. Dobäi setzt hat op Know-how, Präzisioun, praktesch Léisungen an seng jorelaang Erfarung. D’Sympathie an d’Erfarung maachen hat zu engem onverzichtbare Member vum Team EVA IMMO.

Luc Fautsch

LUC FAUTSCH

De Luc ass den jéngsten Member am Team vun EVA IMMO an täteg am Beräich Locatioun a Vente. Hien këmmert sech ëm alles ronderëm d’Locatioun an de Verkaf vu Wunnengen an Haiser a steet dobäi eise Clienten ëmmer mat engem oppene Ouer zur Säit. Mat senger sympathescher a roueger Aart lauschtert hien opmierksam no, weist vill Empathie a sicht ëmmer zesumme mam Client no der passender Léisung. Un sengem Beruff schätzt hien besonnesch de reegelméissege Kontakt mat de Leit an d’Ofwiesslung, déi all Dag mat sech bréngt. D eLuc ass engagéiert, zouverlässeg a schafft mat vill Gespier fir Mënschen – eng wäertvoll Stäip fir eist Team.