Skip to main content

WAT MIR MAACHEN

Mir sinn eng Agence Immobilière, déi op ganz perséinlech Servicer setzt. De Verkaf an d'Locatioun vun Immobilien zu Lëtzebuerg, dat ass eise Metier. Fir eis gëlt eng Prioritéit: Iech nolauschteren an op Är Besoinen agoen. Eng realistesch Estimatioun iwwert d'Valeur vun der Immobilie ass an dësem Service mat abegraff.

Zu dem Verkaf an der Locatioun kënnt och nach d‘Gestion locative dobäi. – Wann e Proprietär seng Wunneng oder säin Haus verloune well, ginn et zwou Méiglechkeeten. Entweder hie këmmert sech selwer em alles oder hin iwwerdréit engem Expert des Aufgaben. Déi sougenannten Gestion locative ëmfaasst d’Sich vun engem bezuelungskräftege Locataire, d’Opstelle vum Mietvertrag esou wéi all aner Aufgaben an  Demarche, déi ufalen. Dat ass eng grouss Erausfuerderung fir eis, well mir setze konsequent op d’Proximitéit mat eise Clienten.

Eis professionell a kompetent Mataarbechter an alle Beräicher vum Immobilier fanne fir all Är Ufroen eng individuell Léisung. Et ass déi perséinlech Betreiung déi d’Differenz mécht. Bei Froe sti mir Iech jidderzäit zur Verfügung. Zéckt net, eis ze kontaktéieren.

Aussokräfteg Beschreiwungen a  professionelle Fotoe – mir  präsentéieren Är Immobilie am beschte Liicht, sief et  fir de Verkaf oder eng Locatioun. D'Annonce ginn op de féierenden Immobilienportaler vum Grand-Duché publizéiert. Eist Zil ass eng séier an  effikass Vermaartung.

Mir verfügen iwwer all noutwenneg Outilen a Knowhow. Des setze mir zesummen mat Iech an.

EVA PAQUET

EVA PAQUET

Immobilien si meng Passioun. Dowéinst hunn ech doraus mäi Beruff gemaach. No mengen Studien, déi ech mat engem Bachelor am Immobiliëberäich (B.A. Real Estate) an engem Master als Promoteur (M. Sc. Projektentwicklung) op der EBZ Business School zu Bochum (Däitschland) ofgeschloss hunn, sinn ech an d’Beruffsliewen erageklommen. Zanter 2018  sinn ech als Agent Immobilier zu Lëtzebuerg täteg, eng Aktivitéit, déi mir immens Spaass mécht. Dobäi si mir Professionalitéit a Perséinlechkeet besonnesch wichteg. Ech freeë mech, Iech bei Ärem Immobiliëprojet ze begleeden.

DANY UNGER

DANY UNGER

Nodeems si vill Jore wichteg Erfarungen am den Immobilië sammele konnt,  huet d’Dany Unger 2013 seng eegen Agence gegrënnt. „Dëse Business entsprécht menge Wäerter a Visiounen“, esou d’Dany. Et geet em eng responsabel an human Approche. An em d’Nolauschteren. No 24 Joer Aktivitéit am Beruff huet d’Dany 2022 als Chef d’Entreprise un d’Eva Paquet iwwerginn. En Zeeche vu Vertrauen …