
WAT MIR MAACHEN
Mir sinn eng Agence immobilière, déi e wichtege Punkt op ganz perséinlech Servicer setzt. De Verkaf an d'Locatioun vun Immobilien zu Lëtzebuerg, dat ass eise Beruff. Fir eis gëllt eng Prioritéit: Iech nolauschteren an op Är Besoinen agoen. Eng realistesch Estimatioun iwwert d'Valeur ärem Bien ass an dësem Service mat abegraff.
Zum Verkaf an zu der Locatioun kënnt och nach d‘Gestion locative dobäi. – Wann e Proprietär seng Wunneng oder säin Haus verloune well, ginn et zwou Méiglechkeeten. Entweder hie këmmert sech selwer em alles oder hin iwwerdréit engem Expert des Aufgaben. Déi sougenannte Gestion locative ëmfaasst d’Sich vun engem bezuelungskräftege Locataire, d’Opstelle vum Kontrakt esou wéi all aner Aufgaben an Demarche, déi ufalen. Dat ass eng grouss Erausfuerderung fir eis, well mir setze konsequent op d’Proximitéit mat eise Clienten.
Eis professionell a kompetent Mataarbechter an alle Beräicher vum Immobilie fanne fir all Är Ufroen eng individuell Léisung. Et ass déi perséinlech Betreiung déi d’Differenz mécht. Bei Froe sti mir Iech jidderzäit zur Verfügung. Zéckt net, eis ze kontaktéieren.
Aussokräfteg Beschreiwungen a professionell Fotoe – mir präsentéieren Äre Bien am beschte Liicht, sief et fir de Verkaf oder fir d’Locatioun. D'Annonce ginn op den Haapt Immobilienportaler vum Grand-Duché publizéiert. Eist Ziel ass eng séier an effikass Vermaartung/Kommerzialisatioun.
Mir verfügen iwwer all d’Mëttelen an den néidegen Know-how, fir d’Erausfuerderunge vun Ärem Projet zesumme mat Iech erfollegräich ëmzesetzen.
![]() | EVA PAQUETImmobilien si meng Leidenschaft ! Dowéinst hunn ech doraus mäi Beruff gemaach. No mengen Studien, déi ech mat engem Bachelor am Immobiliëberäich (B.A. Real Estate) an engem Master als Promoteur (M. Sc. Projektentwicklung) op der EBZ Business School zu Bochum (Däitschland) ofgeschloss hunn, sinn ech an d’Beruffsliewen erageklommen. Zanter 2018 sinn ech als Agent Immobilier zu Lëtzebuerg täteg, eng Aktivitéit, déi mir immens Spaass mécht. Dobäi si mir Professionalitéit a Perséinlechkeet besonnesch wichteg. Ech freeë mech, Iech bei Ärem Immobiliëprojet ze begleeden. |
![]() | ANGÉLIQUE LANGLAISD’Angélique bréngt méi wéi 15 Joer Erfarung a vill Passioun am Immobiliesecteur mat. Fir hat ass dëse Beruff vill méi wéi just Aarbecht – D'Angélique schätzt besonnesch de perséinleche Kontakt an d’Méiglechkeet, de Leit mat Berodung an Ënnerstëtzung zur Säit ze stoen. Am Beräich Locatioun a Vente begleet hat d’Clienten duerch de ganze Prozess – mat vill Asaz, Engagement an engem oppene Ouer fir all Situatioun. Eng vun sengen grousse Stäerkten ass et, souwuel d’Proprietären wéi och d’Locatairen dobäi z’ënnerstëtzen, d’Wunnengen beim Locatairewiessel an Stand ze setzen an an engem optimalen Zoustand ze iwwerreechen. Dobäi setzt hat op Know-how, Präzisioun, praktesch Léisungen an seng jorelaang Erfarung. D’Sympathie an d’Erfarung maachen hat zu engem onverzichtbare Member vum Team EVA IMMO. |
![]() | CAROLE MASSETD’Carole begleet d’Clienten mat vill Engagement duerch de ganze Prozess – vum éischte Gespréich bis zur finaler Ënnerschrëft. Ganz egal ob et ëm Verkaf oder Locatioun geet: Hat hëlt sech Zäit, lauschtert no a geet individuell op d’Froen an d’Wënsch vun de Leit an. Wat dem Carole besonnesch gefëllt, ass de perséinleche Kontakt mat Clienten an d’Méiglechkeet, all Dag nei Erausfuerderungen unzegoen. Vertrauen, Éierlechkeet an en oppent Ouer sti bei senger Aarbecht ëmmer am Mëttelpunkt – an dat schätzen d’Clienten och an der Zesummenaarbecht mat him. |
![]() | DANY UNGERNodeems d'Dany vill Jore wichteg Erfarungen am den Immobilie sammele konnt, huet hat 2013 seng eegen Agence gegrënnt. „Dëse Business entsprécht menge Wäerter a Visiounen“, esou d’Dany. Et geet em eng responsabel a mënschlech Approche. An och em d’Nolauschteren. No 24 Joer Aktivitéit am Beruff huet d’Dany 2022 als Chef d’Entreprise un d’Eva Paquet iwwerginn. En Zeeche vu Vertrauen… |
![]() | Emily STEPHENSD'Emily huet schonn e puer Joer Erfarung am Immobiliesecteur an ass bei EVA IMMO fir d'Locatioun, de Verkaf esouwéi de Sekretariat verantwortlech. Hatt begleet seng Clienten mat vill Engagement, Häerzlechkeet a Zouverléissegkeet duerch de ganze Prozess. D'Emily schaaft duerch seng oppen a frëndlech Aart séier eng agreabel a vertrauensvoll Atmosphär. Besonnesch gär huet d'Emily un sengem Beruff den direkten Kontakt mat den Mënschen. Fir hatt ass d'Immobilievermëttlung vill méi wéi nëmmen eng Aarbecht – et ass eng richteg Häerzenssaach. Hatt schätzt et, Mënschen an engem vun de wichtegste Momenter an hirem Liewen ze begleeden. Mat vill Versteesdemech an Engagement hëlt hatt sech Zäit fir déi individuell Wënsch vun sengen Clienten a mécht alles, fir hinnen de Start an en neie Liewensofschnëtt esou angeneem wéi méiglech ze gestalten an dozou bäizedroen, datt Dreem Realitéit ginn. |
![]() | Elvire RIVOLDINID’Elvire schafft bei EVA IMMO am administrativen an organisatoreschen Beräich an ass dacks déi éischt Uspriechpartnerin fir eis Clienten – sief et um Telefon, per E-Mail oder direkt an eiser Agence. Mat senger roueger an empathescher Aart schaaft hatt eng agreabel a vertrauensvoll Atmosphär. Hatt hëlt sech Zäit fir eis Clienten a sicht ëmmer no der passender Léisung. D’Zefriddenheet vun de Clientë läit him besonnesch um Häerz. Mat ville Joren Erfarung suergt d’Elvire dofir, dass an der Agence alles leeft. Hatt ënnerstëtzt dat ganzt Team, besonnesch eis Agenten, andeems hatt Rendez-vousen organiséiert, administrativ Aufgaben iwwerhëlt an den Alldag koordinéiert. Donieft dréit hatt och am Verkafsberäich Verantwortung a këmmert sech mat vill Suergfalt ëm de KYC-Prozess. Seng Gedold, Professionalitéit an säin Organisatiounstalent maachen hatt zu engem onverzichtbaren Bestanddeel vum Team bei EVA IMMO. |
![]() | Lea PAQUETD'Lea schafft gréisstendeels am Hannergrond an ass eng onverzichtbar Stäip bei EVA IMMO an EVA GEST. Mat vill Verantwortung, Professionalitéit an Organisatiounstalent hält hatt virun allem dem Eva am Alldag de Réck fräi an suergt dofir, datt all Prozesser strukturéiert fonctionéieren. Als zentral Uspriechpartnerin fir d'Personal iwwerhëlt hatt eng Rei organisatoresch Aufgaben. Besonnesch bei EVA GEST spillt hatt eng wichteg Roll an der Verwaltung, Koordinatioun an Organisatioun a behält dobäi ëmmer den Iwwerbléck. Mat senger zouverlässeger a léisungsorientéierter Aart ass hatt net nëmmen intern eng grouss Ënnerstëtzung, mee och eng wichteg Uspriechpartnerin fir Locatairen a Proprietairen. Hatt hëlt Wënsch a Problemer eescht, sicht ëmmer no passenden Léisungen a setzt sech dofir an, datt sech jidderee gutt betreit a verstane fillt. D'Lea dréit all Dag dozou bäi, datt bei EVA IMMO an EVA GEST alles professionell an zouverlässeg ofleeft. |






